Weltausstellung 2025 zu Osaka a Japan: Och Lëtzebuerg ass mat engem Pavillon vertrueden (2024)

„D'Gesellschaft vu muer definéieren“ ass de Sujet vun der Weltausstellung 2025 zu Osaka a Japan. Fir déi 25. Kéier ass Lëtzebuerg op enger Expo vertrueden.

A Japan soll en awer méi kleng a bëlleg, ma, och méi effikass a virun allem méi nohalteg ginn, seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Weltexpo zu Osako / Reportage Nadine Kremer

D'Nohaltegkeet ass de Schwéierpunkt vun der Weltausstellung 2025, déi vum 13. Abrëll bis den 13. Oktober a Japan ass. 150 Länner maache mat. Japan wëll si motivéieren, déi nohalteg Entwécklungsziler vun der Agenda 2030 vun der UNO z'erreechen. D'Kärtheme si Mobilitéit, Digitaliséierung an Dekarboniséierung. D'Länner sollen d'Gesellschaft vu muer presentéieren, erkläert de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Eng Weltausstellung ass a bléift eng wichteg Vitrinn fir ee Land. Dat ass och an ech géif soe besonnesch an Zäite vun a no enger Pandemie de Fall. Och grad an engem asiatesche Marché, wou mer wëssen, dass perséinlech Bezéiungen, perséinlech Renconteren esou wichteg sinn, fir kënne mat de Leit ze schwätzen.

2005 war déi lescht Weltausstellung a Japan an deemools war Lëtzebuerg net dobäi. Fir d'Relatioune mat Japan net op d'Prouf ze stellen, kann een net eng zweete Kéier ofsoen. Dat ass awer net den eenzege Grond, dee fir eng Participatioun schwätzt.

Allem viraus ënnersträicht de Franz Fayot de staarke Lien, dee Lëtzebuerg zanter 90 Joer mat Japan huet, sief et duerch eist Kinnekshaus, d'Ambassade oder och Entreprisen, déi do ee Sëtz hunn. Donieft ass Japan an den Top 3 Wirtschaftsnatioune weltwäit.

Et ass ee risege Marché och mat engem grousse Wuesstemspotential. Et ass donieft den zweetgréissten Handelspartner vu Lëtzebuerg an Asien. Mat engem Handelsvolume vu ronn 2 Milliarden Dollar 2019.

D'Thema vun der Expo wier mat der wirtschaftlecher a nohalteger Entwécklung vu Lëtzebuerg alignéiert. Japan a Lëtzebuerg hätte gemeinsam Wirtschaftssecteuren. Dat si Finanzservicer, nei Technologië, de Weltraum an och Öko-Technologien. Iwwerhaapt spillt de wirtschaftlechen Interesse eng grouss Roll fir d'Lëtzebuerger Presenz. Groussbritannien war ganz laang fir Japan den Haapthandelspartner fir den europäesche Marché.

An engem Post-Brexit-Kontext ass dat natierlech och eppes, wat elo a Fro gestallt ginn ass a wou een dann natierlech och eng Chance gesäit als Lëtzebuerg, fir als Land, opbauend op eis gutt Relatioune mat Japan, méi ee staarken Hub kënnen zu gi fir japanesch Entreprisen, déi wëllen op den europäesche Marché kommen a sech hei positionéieren.

De Lëtzebuergesche Pavillon gëtt ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft gebaut. Mat 1.250 Quadratmeter gëtt e méi kleng an och méi bëlleg, wéi déi 32 Millioune vun der aktueller Expo zu Dubai. De Concours fir seng Constructioun gëtt nach virum Enn vum Joer lancéiert a soll garantéieren, dass esou vill wéi méiglech lëtzebuergesch Materialien a Savoir-faire afléissen.

De Pavillon soll een Ambassadeur fir een nohaltegt an zirkuläärt Lëtzebuerg ginn a fir déi wirtschaftlech a gesellschaftlech Entwécklung vum Land stoen.

De Communiqué

Weltausstellung 2025 zu Osaka a Japan: Och Lëtzebuerg ass mat engem Pavillon vertrueden (1)

© Frank Elsen / RTL

Franz Fayot annonce la participation du Luxembourg à l’Exposition universelle d’Osaka au Japon en 2025 (26.05.2021)

Communiqué par: ministère de l’Économie

Sur proposition du ministre de l’Économie, le Conseil de gouvernement a décidé la participation du Luxembourg à l’Exposition universelle d’Osaka en 2025. Cet événement de renommée mondiale aura lieu du 13 avril au 13 octobre 2025 à Yumeshima, une île artificielle en front de mer d’Osaka. Placé sous le thème «Concevoir la société du futur, imaginer notre vie de demain», l’événement se prépare à accueillir 175 participants officiels, dont 150 pays et 25 organisations internationales. Le thème principal ainsi que ses sous-thèmes «Sauver des vies», «Inspirer des vies» et «Connecter des vies», s’inscrivent dans les objectifs de développement durable adoptés par les Nations unies en vue de créer une société inclusive, juste et durable.

Le Japon en tant que pays organisateur ambitionne de positionner cette édition de l’Exposition universelle comme source d’inspiration pour encourager les pays à atteindre les objectifs fixés en matière de développement durable, et même, à aller au-delà. En thématisant au moins l’un des 17 objectifs de développement durable, chaque participant contribuera, à travers le concept de laboratoire vivant des peuples, à présenter sa vue de la société de demain. Une attention particulière sera accordée à la mobilité, à la neutralité carbone et à la digitalisation en tant que facteurs essentiels pour façonner la vision sociétale future.

Les intérêts pour une participation du Luxembourg

Le thème principal d’Osaka 2025 est en ligne avec l’orientation et le positionnement du Luxembourg en faveur d’un développement économique durable et innovant. Le Luxembourg entretient des relations bilatérales très étroites avec le Japon. Ces liens, qui remontent à plus de 90 ans, sont soutenus par la proximité qu’entretiennent les maisons royales et impériales des deux pays, comme en a témoigné la visite d’État au Japon en 2017. L’ouverture, dès 1987, de la première ambassade luxembourgeoise résidente à Tokyo montre les relations privilégiées de longue date qu’entretiennent le Japon et le Luxembourg.

En outre, le Luxembourg dispose au sein de son réseau international de promotion économique d’un «Luxembourg Trade and Investment Office» (LTIO) à Tokyo qui assure à la fois l'accompagnement des entreprises luxembourgeoises souhaitant développer leurs activités au Japon et la promotion économique ciblée du Grand-Duché au Japon.

Le Japon est le deuxième partenaire commercial du Luxembourg en Asie. Les relations commerciales disposent d’un potentiel de développement non négligeable avec la troisième puissance économique au monde.

Un pavillon luxembourgeois conçu dans un esprit de circularité

De par sa conception et son architecture, le pavillon luxembourgeois s’inscrira intégralement dans les principes de l’économie circulaire pour être conforme au programme gouvernemental qui prône le développement actif de l’économie circulaire dans tous les domaines: la production de biens et services, l’allongement de la phase d’utilisation des produits, leur réutilisation ainsi que la valorisation des matières secondaires. Il a été choisi de réserver un lot de terrain de taille moyenne auprès des organisateurs de l’Exposition universelle d’Osaka 2025 pour y bâtir le pavillon luxembourgeois qui sera de taille nettement plus réduite que celui pour l’Expo 2020 à Dubaï aux Émirats arabes unis.

Le ministre de l’Économie, Franz Fayot, a déclaré: «À l’occasion d’Osaka 2025, le Luxembourg participera pour la 25e fois à une exposition universelle. Le pavillon que nous allons développer à cette occasion reflètera parfaitement la volonté du gouvernement de mener le Grand-Duché vers un avenir durable et innovant. Cette édition de l’Exposition universelle permettra également aux acteurs du secteur privé de bénéficier d’une vitrine de choix pour présenter au monde entier le Luxembourg comme pays précurseur de l’économie circulaire.»

Weltausstellung 2025 zu Osaka a Japan: Och Lëtzebuerg ass mat engem Pavillon vertrueden (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Maia Crooks Jr

Last Updated:

Views: 5859

Rating: 4.2 / 5 (63 voted)

Reviews: 94% of readers found this page helpful

Author information

Name: Maia Crooks Jr

Birthday: 1997-09-21

Address: 93119 Joseph Street, Peggyfurt, NC 11582

Phone: +2983088926881

Job: Principal Design Liaison

Hobby: Web surfing, Skiing, role-playing games, Sketching, Polo, Sewing, Genealogy

Introduction: My name is Maia Crooks Jr, I am a homely, joyous, shiny, successful, hilarious, thoughtful, joyous person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.